Ween op d’Kiermes geet, deem seng Plaz vergeet ! Liewensmëttel, déi eng Kéier am Tifküler waren, däerfen net méi zeréck dohinner. Duerfir entdeet nëmmen esou vill Liewensmëttel, wéi Dir direkt braucht. A wann Dir Fleesch, Fësch oder Mieresfriichten entdeet, da benotzt separat Plateauen fir ze verhënneren, datt d’Flëssegkeeten, déi beim Entdeeën entstinn, aner Liewensmëttel kontaminéieren. Entdeet Är Liewensmëttel bei niddregen Temperaturen (am Frigo).