Industriell hiergestallte Pesto

Traut net sengem grénge Mäntelchen ! Industriell hiergestallte Pesto huet oft iwwerraschend Zoutaten. Liest d’Lëscht vun den Zoutaten ëmmer am Detail, wann Dir eng Liewensmëttelallergie hutt. Niewent onerwartenen Zoutaten wéi: Koriander, Sonneblummenueleg, Rucola, Gromperflocke kennen och allergen Inhaltsstoffer dra sinn wéi Jughurt, Ricotta, Kakuetten, verschidden Hülsefriichten a ganz oft Cashewnëss.