Den Aluminium geet gären op d’Rees. Hie migréiert gären a Liewensmëttel, déi ganz saierzeg oder salzeg sinn, fir dann an eise Kierper ze wanderen. Näischt hält hien op, ausser eng onduerchlässeg Schutzschicht. Duerfir liest bei Aluminiumsverpackungen ëmmer genee d’Gebrauchsanweisung.